Eis Chefekipp stellt sech viir
Michele Zirves
32 Joer
„And above all, watch with glittering eyes the whole world around you, because the greatest secrets are always hidden in the most unlikely place. Those who don’t believe in magic will never find it.“ (Roald Dahl)
D’Scoute si fir mech en Raum, an deem et net drëm geet sech ze beweisen, oder dee Beschten ze sinn. An de Scoute geet et drëm, als Grupp zesummen ze sinn an zesummen ze halen, och wann jiddereen säin eegene Wee geet.
Zu mengem Wee gehéiert d’Scouten och fir di kommend Generatiounen zu esou engem Raum ze maachen - zu enger Basis, vun der aus ee kann an d’Welt zéien an Abenteuer erliewen, an zu der een ëmmer rëm kann zeréck kommen, fir seng Geschichten ze deelen.

Tania Correia
25 Joer
Ugefaangen hunn ech 2011 an den AvEx. Mëttlerweil sinn ech als AvEx- an awer och CaraPiocheftaine aktiv.
Vu Joer zu Joer, hunn ech méi Leidenschaft un dësem Hobby fonnt. Dat Bescht dorunner ass, wann ech mäin eegent Wëssen un d'Kanner ka weiderginn a ka gesinn, datt si genau esou vill Spaass empfannen, wéi ech an hirem Alter empfonnt hunn.🪢
Ob an de Versammlungen oder op de Campe léieren och ech ëmmer nach nei Saache kennen. D’Haaptsaach ass, datt d’Kanner hier Freed um Scoutismus hunn. Witzeg um Camp sinn déi verschidden Aarte vu Weckeren. Do kann ech aus perséinlecher Erfarung schwätzen: Et gëtt ni langweileg fir d'Chef (Sief et mat enger Pan an engem Bräiläffel oder mam lëtzebuergeschen Hit "Ee schéine Bonjour")🎶
Et deet gutt an engem Grupp kënnen ze sinn, wou ee vu sengem routinéierten Alldag ofschalte kann. Och no engem grousse Projet, wou ee vill Zäit a Kraaft investéiert, gesäit ee wat een als Grupp alles erreeche kann. Ausserdeem gesäit ee wéi vill een zesumme laache kann.
Déi laang Nuechten ënnert dem Stärenhimmel, mat engem Lagerfeier a Geschichten, déi unhand vu Jore gesammelt goufen, kënnen ze erzielen, dat sinn déi Momenter déi een net esou schnell vergësst. ⛺️

Lara Schinnert
22 Joer
Hallo! Ech sinn d'Lara an sinn vun 2010 bis 2019 zu Housen an d'Scouten gaange. No 9 Joer hat ech mech schlussendlech entscheet eraus ze goen. Ëmmer rëm wa meng Kollegen vun hiren Versammlungen, Campen an Sortien erzielt hunn, hunn ech et bereit raus gaangen ze sinn.
Wei ech 2022 héieren hunn, dat bei den Scouten nach Chef gesicht ginn, hunn ech mech direkt gemellt.
An de Scouten hunn ech Erënnerungen, Lektiounen an Kollegen fir d'Liewen gemaach. Ech sinn elo säit engem Joer Wëlleferchef an freeën mech fir mat den Wëllef nei Abenteuer ze erliewen!

Lena Mangen
20 Joer
Hallo, ech sinn d’Lena an ech sinn mat 8 Joer déi éichte Kéier an d’Scouten komm. Ech si frou bis elo nach an de Scouten bliwwen ze sinn, well ech an deenen puer Joer vill flott Saachen erliewt hunn. Ech konnt net nëmmen bei coolen Versammlungen an Campen dobäi sinn mee hunn virun allem Erënnerungen fir d’Liewen gesammelt.
Als Wëllefchen hat ech sou cool Chef, datt ech versprach hunn, och eemol Chef ze ginn. Elo hoffen ech deenen nächsten Wëllefcher eng genausou flott Zäit ze erméiglechen 🙂
Julie Lipperts
28 Joer
Ech sinn d'Julie an ech si säit dem Joer 2006 zu Housen an de Scouten. An deene leschte 17 Joer bäi de Scouten hunn ech net nëmmen immens vill erlieft, mee ech hunn och vill léif Leit getraff an niewebäi vill iwwert d'Natur, iwwert d'Liewen an engem Grupp an iwwert mech selwer geléiert.
Säit 2013 sinn ech Wëllefcher-Chef an hu grouss Freed doru mat de Wëllefcher d'Welt ze entdecken.

Julie Schrantz
19 Joer
Ech sinn d‘Julie an ech si säit 2013 an de Scouten zu Housen. Säitdem hunn ech vill gutt Momenter erliewt an och gutt Frënn fonnt, mat deenen een ëmmer Spaass kann hunn. Ech war an de Branchen Wëllefcher, AvEx a si momentan mam Lena an Anya an de CaraPio. Säit September 2021 sinn mir Wellefcherschef mat deenen Chef déi mir selwer schonn als Wëllefchen haten, wat einfach top ass.
Claude Malek
29 Joer
Zënter 2006 sinn ech Member an de Scouten, an hunn iwwert déi Joer villes erlieft a gesinn. Sief et vill schéi Momenter a Plazen, oder verschiddenste Leit a Personalitéiten.
2016 hunn ech d'Entscheedung getraff de jonke Leit déi selwecht Méiglechkeet ze bidden, déi ech selwer erlieft hunn, a gouf dofir Chef an der AvEx-Branch.

Helène Müller
34 Joer
Mäin éischt Joer als Scout: 2002 (?)
Mäin éischte Camp: 2002 (?) zum Thema „Harry Potter“
Mäin éischte Camp am Ausland: Elements - Link in Europe 2004 an Däitschland zu Nürnberg.
Mäin éischt Joer als Chef: 2006 (?)
Mäin éischte Camp als Chef: ee Wëllefcherscamp zu Dikrech ënnert dem Thema „Charlie und die Schokoladenfabrik“.
Mäin éischt Joer als AvEx-Chef: 2007
Mäin éischte Camp als AvEx-Chef: zu Miersch ënnert dem Thema „Asterix und Obelix“.
Ofschloss vu menger Formatioun als Assistante-Truppe-Chef bei den Avex: 2008
Mäin Volontariat bei den LGS: 2012-2013.
Ech hunn tëschent dem Lycée an der Uni 1 Joer Paus gemaach an ee Volontariat bei de Lëtzebuerger Scoute gemaach. D’Hallschent dovun hunn ech gehollef de „Splash“ ze organiséieren, eng Spendenaktioun fir een Deel vun de RaRo-Odysseen ze finanzéieren. Di aner Hallschent hunn ech um Neihaischen gehollef Aktivitéiten zum Thema Kelten, Natur, Indianer etc ze organiséieren an duerchzeféieren.
Meng Raro-Odyssee: 2013 am Senegal.
Ofschloss vu menger Formatioun als Truppe-Chef bei den AvEx: 2019
Member an der Redaktiounsequippe vun der Zeitung „Platte Knuet“: Säit 2020
* D’Datumer di genannt sinn, sinn ouni Garantie an aus mengen Erënnerunge gegraff. Dëst ass eng onerschwénglech Lëscht vu wichtege Momenter a menger Scoutskarrièrre. Dobäi kommen onzieleg weider Momenter wéi Campen am In- an Ausland, Staff bei diversen nationalen Aktivitéiten (z.B. Bealtaine, national Campen,…), Teamwork, gesi wéi aus Kanner Erwuessener ginn, a.v.m. Ech hu souvill Momenter bei de Scouten erlieft, déi mech gepräägt hunn, an ouni déi ech elo net dee Mënsch wier deen ech sinn. Virun allem de Volontariat, huet mir perséinlech sou vill bruecht an huet mech zu enger méi staarker Persoun gemaach!
Scout ze sinn ass vir mech:
♥️ konstant léieren, och no sou ville Joren nach
♥️ besonnesch Frëndschaften hunn
♥️ Abenteuer erliewen
♥️ Auszäit vum Alldag
♥️ perséinleche Fortschrëtt
♥️ selwer eng Hand mat upaken
♥️ Dat maachen ze kënne wat een intresséiert, motivéiert, inspiréiert
♥️ Virun Allem Spaass hunn

Cédric Malek
34 Joer
Meng Geschicht geet zréck an d'Joer 2001.
Zu ee puer Kolleegen hu mir an de Wëllefcher bei den LGS HouHou ugefaangen. Mir hunn eis seelen eng Aktivitéit entgoe gelooss. Heiernsdo ware mir dann och net ganz onschëlleg wann et um Camp mol rëm an der Nuecht geheescht huet "mir gi lafen". 😉
No ville flotten Erfaarungen a villen onvergiesslechen Campen hu sech d'Interessi vun eiser klenger "wëller Band" dann awer ausernee gelieft - iwwreg bliwwe si just ech. Dëst huet mir et awer net huele gelooss, fir bei de Guiden a Scouten weider ze maachen a nei Frëndschaften ze knäppen.
Meng Karriär als Branche-Member war relativ séier erriwwer. No ee puer Joer Wëllefchen, AvEx a ni richteg CaraPio hunn ech um Summercamp 2007 eng Entscheedung getraff, déi mäi Liewe prääge sollt. Zesumme mam Helene hu mir d'AvEx-Branche iwwerholl a hunn eis direkt am Hierscht fir d'Formatiounen ageschriwwen. Jo korrekt - mir haten mol knapp eis 16 Joer gefeiert.
Meng Roll als AvEx-Chef geet weider bis an d'Joer 2016, wéi ech festgestallt hunn, dass et un der Zäit wier fir eppes Neies ze probéieren. D'Relève vun de CaraPio huet mech nach ëmmer gereizt an et huet a mir gebrannt fir gréisser Entreprisen ze lancéieren.
A propos brennen - wie mech kennt, weess, dass ech net roueg sëtze bleiwe kann, wat natierlech dozou gefouert huet, dass och an de Joeren dotëscht vill geschitt ass. Haut duerf ech houfreg zréck blécken op d'Grënnung vun de RaRo zu Housen, d'Participatioun a Matorganisatioun vun Odysseen, d'Leedung vu sëlleche Projeten, d'Organisatioun vu ville Campen an Aktivitéiten, a natierlech nach villem méi.
Wéi ech 2016 nierft dem CaraPio-Chef och Gruppechef gouf, war fir mech kloer - ech wëll dem Grupp ee klengt Stéck vun deem zréck ginn, wat ech ouni hien net erlierft hätt.
Iwwert all déi Joeren hunn ech ëmmer eent virun Aen behalen - mäi Chef-Engagement, wat ech 2008 am Keltenhaus um Neihaischen ofgeluescht hunn: "Ech engagéieren mech, fir mäi Grupp do ze sinn."
Nils Liefgen
27 Joer
Aktive Member sinn ech säit 2005. Wéi ech op d'Scoute komm sinn ass ganz einfach, mäin Brudder war an de Scouten a wéi dat sou oft ass, well een déi cool Saachen, déi ee grousse Brudder maachen och maachen. Ech hat déi grouss Chance, dass mat mir och eise Grupp extrem gewuess ass. Ugefaangen als Wëllefche konnt ech dono bis RaRo vun allen Branchë profitéieren, déi Chance hate vill Leit viru mir net 😎
Meng Roll als Chef huet 2017 ugefaangen. Ufangs nëmmen als Gaascht, a verschiddene Versammlungen oder och mol gréisseren Entreprisen. Wéi et dunn geheescht huet mir ginn op de Camp, haten d'CaraPio Chef de Probleem, dass si et zäitlech net gepackt hunn fir mat ze goen. De Cédric an ech sinn agesprongen. Nom Camp huet et net méi laang gedauert an ech war engagéiert. Jo richteg, déi deemoleg CaraPio hunn mech rekrutéiert. Bis haut sinn ech aktiv als Chef an der Branche vun de CaraPio, an där ech 2020, wärend Corona dann och meng Formatioun ofgeschloss hunn. Fir d'Ernennung ze kréie muss een ënner anerem eng Entreprise mat sengem Clan ofschléissen. Well eis traditionell Entreprise "Escape Room" allerdéngs duerch déi deemoleg Restriktiounen net statt fanne konnt hunn ech mir missen eng aner iwwerleeën. D'Entreprise "Pizza Uewen" ass entstanen. Des sollt allerdéngs méi laang dauere wéi geplangt, mee schlussendlech ass en awer fäerdeg ginn an d'Pizzae schmaachen excellent 😋.
2022 ass den "Escape Room" erëm organiséiert ginn allerdéngs, bësse méi grouss a verreckt, wéi déi Jore virdrun. Niewent engem Trailer, dee mir synchroniséiert hunn sinn och nach Filmplakater nogestallt ginn an ee Kinosraum gebaut ginn. ➡️ Vollen Erfolleg! Niewent mengen Aktivitéiten als Chef sinn ech och nach als RaRo, a verschiddenen anere Projete vun de Scouten aktiv. Ech maache mäin bescht fir alles ënnert een Hutt ze kréie 💪