Léif Guiden a Scouten, mer hoffen dir sitt alleguer gesond an et geet iech gutt?
Manner gutt News... Wéi der villäicht scho matkrut, gouf haut vum Verband decidéiert, dass alleguer d'Guiden- a Scoutsaktivitéiten bis den 31. Juli 2020 annuléiert sinn. Jo, leider falen dorënner och vill Summercampen (Biber, Wëllefcher a CaraPio). Mer klären grad of, op den AvEx-Camp och muss ofgesot ginn, vue dass deen erréischt am August ass. -> D'AvEx ginn doriwwer um Lafenden gehalen. D'RaRo kommen leider och net onverschount dervunner. Bei hinnen falen d'Odyssee'en vun dësem Joer aus. Si ginn an de nächsten Deeg vun hire Campchef kontaktéiert a kréien de weidere Verlaf matgedeelt.
Gutt News :) Et ass schuet, dass esou vill flott Aktivitéiten an d'Waasser falen. Mä d'Gesondheet vun eis alleguer geet fiir. Sitt awer net traureg, all eis Chef schaffe grad fläisseg un Aktivitéiten déi mer och vun doheem aus maache kënnen. Freet iech also op flott Aktivitéiten an enger bëssi méi spezieller Form ;) Eis Biber a Wëllefcher krute jo well ee puer cool Aktivitéiten geschéckt :D
Remboursementer Déi Member déi schonn een Akkonnt (oder och de ganze Solde) fir ee Camp oder eng Aktivitéit bezuelt hunn, ginn an de nächsten Deeg vun eis kontaktéiert. Jiddwereen kritt seng Suen rembourséiert. Mer mussen déi ganz Procedure awer organiséieren a koordinéieren, dofir brauche mer ee klenge Moment. Mer hoffen, der verstidd dat a kënnt iech nach bëssi gedëllegen ;)
Mer wënschen iech weiderhinn eng gutt Gesondheet, a bleift monter. Deng ganz Chefekipp
P.S.: du hues eng Iddi fir eng Guiden- a Scouts-Aktivitéit déi een vun doheem aus maache kann? Mellt dech bei dengen Chef :D