Kalenner RaRo

Oct
14

14.10.2017 - 15.10.2017

Nov
17

17.11.2017 - 02.12.2017

Dec
2

02.12.2017 14:00 - 23:00

Dec
3

03.12.2017 10:00 - 18:00

Dec
22

22.12.2017

Summit to Sea 2015

"Summit to Sea"

een Camp-Volant iwwer Bierg an Dall

Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an ausgerüst mat der Erfahrung vum läschte Summercamp maache mer véier eis op de Wee a Richtung Süden - Destinatioun Ajaccio, Korsika. Nach schnell eng läscht Moolzecht um Fluchhafen, éier et dann endlech lass geet...

Eise Camp-Volant, deen dëst Joer bewosst manner detailléiert geplangt war, hat zwee Deeler a soumat zwee Ziler. Als éischt sollt et vum mëttelsten Deel vun der korsescher Insel (Vizzavona) op déi süd-ëstlech Hafestad "Porto-Vecchio" goen, wou mer uschléissend de Camp gemittlech um Strand ofklénge wollte loossen. Wéi der Iech bestëmmt denke kënnt koum et aneschters: et gouf keen Dag dee virauszegesi war, a genee dëst huet eisem Camp eng aussergewéinlech Atmosphär ginn.


Zu Ajaccio gelant, maache mer eis mat Bus an zu Fouss a Richtung Zentrum vun Ajaccio. Nom opstocke vum Ravi a Gas, goung et och schonns a Richtung Camping. Nodeems mer endlech de Bierg bis op eis Campingsplaz an der dréckender Nomëtteg-Hëtzt gepackt haten, goufe fir d'éischte Kéier d'Zelt opgeschloen. Dass dëse schweesdreiwenden Opstig net mol bëssen un dat eru kënnt wat eis erwaarde wäert, war eis zu dësem Moment nach net bewosst. No enger éischter Moolzecht op der Insel hu mer den Owend an Ajaccio ausklénge gelooss. 

Den Dag drop sollt et dunn schonns mat Zäiten op, den eenzegen Zuch dee mer konnten huelen ass schonns kuerz virun 8 fort gefuer, a schliisslech war et jo nach ee gutt Stéck bis zréck op d'Gare. No enger holperescher Fahrt mam Zuch, si mer no enger gudder Stonn zu Vizzavona ukomm. Déi éischt Leit mat Rucksak sinn eis entgéint komm, séier war eis kloer, déi meescht vun hinnen hunn dat selwecht Zil virun Ae wéi mir, - de südlechen Deel vum GR20 ze wanderen. Bei munche war ofzegesinn, dass se schonns den nërdlechen Deel vu bal 100km hannert sech haten, an awer bleift nach eemol déi selwecht Distanz zréck ze leeën. Éier mer déi éischt Schrëtt op de GR20 gesat hunn, hu mer eis nach eng läschte Kéier dat aller néidegst bei engem frëndlechen Hüttewiert opgestockt. Am fréie Virmëtteg goung et dunn endlech erop. Trotz dem ville Schiet deen d'Bëscher gespennt hunn, war déi dréckend Hëtzt schonns ze spieren. Et huet net mol eng Stonn gedauert, do hate mer schonns ee vun eis verluer. Op dës éischter manner gescheit Tatsaach wéi dat geschéie konnt ginn ech elo net weider drop an ;-), wichteg ass, dass mer eis no laangem Sichen, Pisten-Zeeche leeën an ëmfroen endlech erëm fonnt hunn, an eis Etappe weider duerchzéie konnten. No 7km a 500Hm, - ee bësse manner wéi d'Halschent vun eiser Etapp, goufe mer mat enger frëscher Quell belount. Ech kann net oft genuch soen wat fir ee Genoss et war aus dëser Quell ze drénken an sech mat dësem Waasser ofzekillen. Ee puer honnert Meter weider goufe mer dunn och nach mat enger wonnerbarer Panorma-Vue belount. No engem kuerze Moment goung et dunn awer och schonns erëm weider, schliisslech bleift nach ee gudden Deel ze maachen. Während de Nomëttegstonnen, hate mer d'Chance iwwert relativ flaachen Terrain ze goen. Kuerz viru Schluss vun dëser Etapp hu mer eis awer nach eemol richteg missen dru gi fir een zolitten Opstig ze meeschteren, deen allerdéngs op der Spëtzt nees erof an den Dall gefouert huet. 

Géint 20h hu mer schlussendlech no 15km an 1080Hm d'Bergerie de Capannelle erreecht. No der éischter waarmer Moolzecht um GR20 goung et dunn an d'Plommen.

Den Dag drop, huet erstaunlecherweis sou gutt wei keen iwwert iergendeen Muskelkater geklot, wat awer och vu Virdeel war, well no den éischte 50 Meter goung et schonns anstänneg iwwer Fiels de Bierg erop. Ee Stéckelche weider goung et dunn awer just nach gemittlech Bierg of. Fir d'Mëttegstonn hate mer dunn eng wonnerbar Plaz bei enger Baach fonnt, wou sech d'Geleeënheet gebueden huet fir déi éischt Kleeder ze wäschen. No enger gudder Stonn goung et dunn awer weider, well mer wollten haut virun der Schummerecht bei der Hütt ukommen. Während den Nomëttegstonnen hunn sech Op- an Ofstig regelméisseg ofgewiesselt, bis kuerz virum 12ten Kilometer. Ab hei gouf nach eemol alles vun eis gefuerdert, op den nächsten 3km goung et iwwer 600Hm an d'Luucht. Zwar hu mer d'Hütt net virun der Schummerecht erreecht, mä dofir goufe mer op der Kopp vum Bierg vun engem wonnerbare Sonnenënnergang belount. Kuerz virun 21h hu mer eis Zelter opgeschloen an hunn déi 16km an 1480Hm vum haitegen Dag verdaut. 


Den drëtten Dag um GR20, en huet déi éischt Spueren hannerlooss. Déi éischt anstänneg Blodere weisen sech, déi éischt blo Plaze vum Hëftgurt kommen zum Virschäin an d'Kraaft an de Been léist esou lues no. Mä mer ware motivéiert, no zwou weideren Etappe sollt et een Dag Paus ginn. Och wa mer scho liicht geschwächt waren, hu mer weiderhin zesumme geschafft, an dëst war op der nächster Etappe méi wéi néideg. Schonns fréi an de Mueres-Stonne goung et op, bis elo den héchste Punkt vun iwwer 2000m. Schmuel Passagen iwwer Fiels a Gestengs hu mech ëmmer méi stutzeg gemaach. Mä mat der néideger Virsiicht war och dës Passage sécher ze meeschteren, - hunn ech mer ufanks geduecht. Mä meng Meenung sollt sech op dësem Punkt séier dréinen. D'Héicht, de schmuele Wee an der deelweis feelender Trëttsécherheet hu mech zur Entscheedung bruecht de GR20 op dëser Plaz ofzebriechen. Zwar war et eng schwéier Entscheedung, mä well d'Sécherheet vu menge RaRo net garantéiert war, konnt ech keng weider esou Passagë méi verantworten. Eis drëtt Etapp hu mer nach bis an d'Halschent gemaach, wou schliisslech ee Wee vum GR20 erof gefouert huet. Zwar loung eis alleguer déi schwéier Entscheedung um Moo, mä trotzdem konnte mer nach wonnerschéi Vue'en genéissen. No gudden 18km an 1400Hm hu mer schlussendlech d'Gite d'Étape vum Wanderwee Mare a Mare Centre zu Cozzano erreecht. Dësen Ofstig vum GR20 loung eis alleguer an de Gelenker, esou dass mer decidéiert haten een Dag op dëser Plaz ze pausen. Esou war dunn och genuch Zäit bliwwe fir ze plange wat mer als nächst géife maachen, well schliisslech hat keen domat gerechent dass mer ofbrieche géingen. 


Eise Pausen-Dag krute mer haaptsächlech domadder erëm eis bei enger Baach auszetoben, déi Plazeweis déif genuch war fir ze schwammen. Géint der Owend hu mer eis no laanger Zäit mol rëm eng Kéier eppes anstänneges gekacht. Sou flott an enstpanend dësen Dag och war, hu mer eis mat Zäit an de Schlofsak gemaach, well mer haten endlech ee Plang wat mer als nächst géinge maachen.

Kuerz viru 7h goung et schonns mam Bus fort. Ee klenge Minibus mat engem ganz sympatheschem eelerem Här als Chauffeur huet eis bis op eng Plaz bruecht wou anscheinend ee weidere Bus d'Verbindung op Propriano mécht. Ufanks koum eis dat ganzt ee bësse komesch fir. Zwar hu mer mëttlerweil erausfonnt, dass Busarrêten eng Seelenheet a Korsika sinn, mä hei goufe mer regelrecht an der Pampa erausgelooss. No bal enger Stonn waarden ass dunn erstaunlecherweis ee Bus hale bliwwen, et war eise Bus bis op Propriano. Propriano, eng Hafestad am süd-westlechen Deel vu Korsika, war eigentlech net an eisem Programm virgesinn, mä et sollt de Schlëssel fir den neien Oflaf vun eisem Camp-Volant sinn. Während dräi Deeg hu mer vu Propriano profitéiert, esou dass mer d'Stad, an de Strand konnten erfuerschen. D'Mier dat esou blo war, wéi een et just vu Postkaarte kennt, huet engem neie Mut ginn. Eise Camping, dee quasi Luxus-Verhältnisser fir ee Camp gebueden huet, huet eis nei Energie ginn. De Stop zu Propriano huet eisem Camp een entscheedende Schuppser ginn. D'Entscheedung war gefall, - mer ginn zréck op de GR20!

No laangem studéiere vun de Kaarten an den Héischtenprofiler hu mer decidéiert an der zweetleschter Etapp erëm eranzeklammen, ab hei ware keng geféierlech Passagë méi, esou dass ech mer keng Suerge méi ëm d'Sécherheet vu menge RaRo hu misse maachen.

Mat neier Energie goung et kuerz hannert dem Col de Bavella erëm op de GR20. D'Bierger déi hier Faarf mëttlerweil vu gro op rout/rosa gewiesselt hunn, hunn engem d'Gefill ginn op enger komplett anerer Plaz ze sinn. No gudde 4km konnte mer eis haiteg Etapp géint 19h ofschléissen. Endlech hate mer et mol eng Kéier gepackt virun der Schummerecht op der Hütt unzekommen ;-). Nodeems mer eis Zelter opgeriicht hunn, goung eisen Dag bei enger waarmer Zopp lues awer sécher op een Enn. 

Fréi an der Mueresstonn goung et schonns aus den Zelter, d'Sonnestralen déi op d'Granit Fielse geschéngt hunn, hunn eng fantastesch Vue gebueden. Nom Moies-Iessen an dem Fëlle vun de Bidon'en un enger quasi ausgedréchenter Quell, goung et op déi läscht Etappe vum GR20 zou. 

Ee laangen Ofstig iwwert déi verschiddenste Vegetatiounen hunn eis bei ee puer kleng Bierg-Séie gefouert, wou mer eis eng läschte Kéier um GR20 erfrëscht hunn. Déi läscht Kilometer lounge virun eis, an d'Zil war scho bal ze gesinn. Kuerz virum Duerf Conca, dem Schluss vum GR20, goufe mer vun engem Schëld begréisst mat der Opschrëft "Bar du GR20", zwar hu mer net dee ganze Wee absolvéiert, an och net de ganze südlechen Deel, mä dat wat mer bis hei erlieft hate, wärt eis nach méi laang an Erënnerung bleiwen. Eis läscht Etappe geet op der Gite d'Etappe zu Conca op een Enn, wou mer eis zur Feier alleguer eng defteg Moolzecht gegënnt hunn.

Eise Camp-Volant war awer nach net ganz zu Enn. No enger Iwwernuechtung goung et op Pinarellu, wou mer allerdéngs just een Dag bliwwe sinn, well et eis net sou richteg gefall huet. Weider op Porto-Vecchio hu mer dunn eise Camp-Volant schlussendlech ofgeschloss. Während dräi Deeg hu mer eis hei eng flott Zäit gemaach, hunn ënnert anerem déi flott Staat kenne geléiert an hunn déi wonnerschéi Plage vu Palombaggiaa erfuerscht. An och dëse Camp hat iergendwann een Enn. Um 15ten August hu mer eis mam Bus op Figgari-Village gemaach, wou mer schlussendlech mat Sak a Pak déi läscht 4km zu Fouss op de Fluchhafe gemaach hunn.

 

Genee ewéi d'läscht Joer, ass och bei dësem Camp net alles esou gelaf wéi een et sech an de Kapp gesat huet. Mä genee déi Situatioune maachen ee Camp esou interessant. Et war ee Camp iwwer Bierg an Dall, am zweedäitege Sënn, mä wann ech zréck denken, muss ech soen dass et eng immens flott Erfahrung war. An och nach zur haiteger Zäit fannen ech et fir déi richteg Entscheedung de GR20 ënnerbrach ze hunn. Zwar hu mer esou net dee ganze Wee gemaach, mä gehéiert zum Scoutisme dann net och d'Spontanitéit? Op alle Fall hu mer duerch déi Entscheedung eng weider flott Géigend vu Korsika gesinn. An esou konnte mer och ee groussen Deel vun der südlecher Insel entdecken. Ech denke mer sinn dem Ranger-Rover Motto voll a ganz nogaangen, während 15 Deeg ware mer "En Route".

 

Fir d'Ranger/Rover
Mère Thérèse

Housen-Houschent

Malek Cédric
Clanchef
10. September 2015

 

Weideres...