Kalenner AvEx

Nov
25

25.11.2017 15:00 - 17:00

Dec
2

02.12.2017 17:00 - 22:00

Dec
3

03.12.2017 10:00 - 18:00

Dec
9

09.12.2017 15:00 - 17:00

Dec
22

22.12.2017

AvEx Summercamp 2015

"Ee richtege Scout"

AvEx-Summercamp 2015 am Fënsterdall
Housen-Houschent & Esch-Grenz

Laang hu mer d'Thema vum Camp geheim gehal. Ee Badge gouf et eréischt um Camp ze gesinn... Mä firwat dat Geheimnis ronderëm deem ganzen? Ma heifir gëtt et eng ganz einfach Erklärung: kanns du dech nach un deng AvEx Zäit erënneren? Wa jo, hues du dech deemools net och iwwert déi eng oder aner Iwwerraschung gefreet? Eis Gedanke ware genee déi. An offensichtlech war et mol eng kleng Ofwiesslung fir eis AvEx, dass se net schonn am Viraus wousste wat fir een Thema de Summercamp huet, a virun allem wat op se duer kënnt. 
Eise Summercamp, deen dëst Joer ënnert dem Thema a gläichen Numm "Ee richtege Scout" gelaf ass, hat u sech ee puer Grondgedanken. Heifir nach eemol een Auszuch vum Virwuert aus eisem Campbuch:

An enger Zäit wou Smartphones, Computer an Internet eisen Alldag regéieren, ass et net méi einfach een traditionelle Scoutscamp ze organiséieren. Leider ginn d’Scoutstechniken ëmmer méi verluer, a spéitstens da wann een se brauch, ass et ze spéit fir se nach eemol ze léieren.

 

Mer hunn eis als Chef ganz fréi Gedanken iwwert dës Problematik op engem Camp gemaach, an hunn eis laang am viraus dru gi fir ee flotte Camp ze organiséieren. Esou hu mer zum Beispill eng wonnerbar Campplaz an der Mëtt vum Land fonnt. Zwar gëtt et hei kee Stroum, mä wien brauch deen da schonn? Eng waarm Dusch?, dat ass dach fir Läppercher. Während 9 Deeg weise mer, dass mer nach ëmmer alles drop hunn ewéi déi Scoute virun eiser Zäit. Mer maachen eisem Campnumm all Éier a beweisen, mer si “Ee richtege Scout”.

 

“Ee Scout kennt keng flemmseg Stonn”, esou kenne mer et aus engem typesche Scoutslidd. An mer hoffen dass et och um Camp esou wärt sinn. Mer wënschen der vill Spaass bei allen Aktivitéiten, ee léierräiche Camp an eng flott Erënnerung un eis gemeinsam Zäit am Fënsterdall.

Deng Camp-Chefequipe!

 

Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982, deen iertemlech eng Zäitrees gemaach huet - ze beweisen, dass och mer "modern" Scouten nach all déi néideg Techniken drop hunn fir op engem Camp ze liewen. Vum Opbaue vun eiser eegener Outdoor-Luxus-Dusch bis zum Bulli maache fir op d'Kachmaschinn huet jiddwereen eng Hand mat ugepak, esou konnt eis Campplaz mat rasanter Vitesse eng Form unhuelen. Mat Atelieren, Challengen, engem Kachduell a weidere flotten Aktivitéiten hat och sécher jiddweree säi Spaass. Een onvergiesslechen Hike duerch de flotte Mëllerdall, mat senge schmuele Passagen duerch Hielen a Splécken huet dës zwee Deeg eemoleg wierke gelooss. Owes si mer zu Konsdrëf ukomm, wou mer op engem Bauer senger Wiss eisen Iwwerdaach opgeriicht hunn. An op der et gleeft oder net, mer konnten de Spuert agepaakt loossen, well um Hike gouf et déi eenzeg richteg Toilett während dem ganze Camp.

Och wann den Hike nach méi oder wéineger an de Been ze spiere war, sou goung de Programm weider. Owes, no den zwee Deeg Hike, gouf et als kleng Erfrëschung eng AvEx-Cocktail-Bar, offréiert vun de Chef. Nieft enger flotter Sortie op Tréier mat Fotosrallye a Visite duerch sou munch Réimer-Wierker hu mer een immenst flott Nuetsspill gemaach. Och wann d'Zäit bis heihin immens schnell verflu war, esou bleiwen awer nach dräi Deeg déi mer voll a ganz genéisse kënnen. No der Olympiad an der spiritueller Veillée goung et den Dag drop dunn och nach op de Stauséi, wou mer eis mueres bëssen am Waasser ameséiert hunn. Am Nomëtteg hu mer nach eemol alles gi fir ee Flooss zesummen ze bauen. No puer Stonne Spaass um Waasser, goung dunn awer och dësen Dag esou lues zu Enn. Den läschten Dag um Camp, et heescht ofriischten an apaken. Zwar hate mer Zäit bis am Nomëtteg, mä déi hu mer och wierklech gebraucht. Et konnt nach keen sou richteg realiséieren, dass de Camp scho riwwer sollt sinn. Nach kuerz bis virum offizielle Schluss stoungen nach sou munch Zelter an d'Feier vun der Kachmaschinn 

huet nach monter gebrannt. Mä och als Chef muss ech soen, ech konnt selwer net gleewen, dass déi 9 Deeg Camp scho riwwer sollte gewiescht sinn. Et ass mer virkomm wéi de kierzte Camp vu mengem Liewen.
Während deem ganze Camp hunn déi zwou Patrullen sech dru gi fir Punkten ze sammelen. An um Enn ass et jiddwerengem gelongen, fir ze weisen, dass ee richtege Scout an ëm stécht. Net nëmmen déi wonnerbar Campplaz am Fënsterdall huet eisem Camp eng gewëssen Atmosphär ginn, mä och dat besonnescht gutt Wierder huet eis allguer eng gutt Laun verdeelt.





Zwar hu mer dräi Chef vill Aarbecht an dëse Camp investéiert, mä et gëtt keng Sekonn déi ech net nach eemol fir esou ee flotte Camp géif hierginn.

Op sech ee Campbuch mat iwwert 60 Säite fir ee Camp mat 12 AvEx lount, op ee Camp-Programm wierklech esou am Detail geplangt muss sinn, op een sech wierklech iwwert alles esou vill Gedanke muss maache wéi mir dat gemaach hunn,... All dëst an nach vill méi si Froen iwwert déi ee streide kéint, mä a mengen Ae war et ee gelongene Camp un deem ech absolut näischt géing änneren.

Den nächste Camp ka kommen...

 

 

fir d'AvEx
Mère Thérèse
Housen-Houschent

Malek Cédric
Truppechef
22. August 2015

 

Weideres...